D'fair Fleesch kafen Qualitéit, déi een schmaacht D'fair Fleesch, Fairen Umgang mat Mënsch, Déier an Natur Mir Baueren engagéieren eis selwer fir d’Vermaartung vun eisem „D’fair Fleesch“. D‘Wuel vun eisen Déieren huet den héchste Stellenwert.Mir pfleegen e stressfräien Ëmgang mat den Déiere wat och e groussen Afloss ob d’Fleesch-Qualitéit huet. Eng Auswiel vun eise beschte Stecker FILETDe Filet ass e ganz zaart Stéck, ass säfteg a moer a gutt fir zum Beispill en e Chateaubriand. RAGOUTMam Ragout kann een en häerzhafte Gulasch preparéieren, brauch mei Zäit beim kachen. BIFDECKDe Bifdeck gëtt kuerz an der Pan gebroden. Hei huet jiddereen seng eege Preferenz fir d’Cuisson. FAUX-FILETDe Faux-Filet ass immens Villfälteg. Et ass alles méiglech, vum Brot bis zum Bifdeck a Geschnetzeltes. ROASTBEEFDëst Stéck gëtt aus der Hëft geschnidden. Et ass e ganz zaart Stéck a kann ganz dënn geschnidden och gutt kal giess ginn. JARRETDe Jarret ass e traditionellt Stéck a gehéiert zum Zoppenfleesch, wat och mei laang muss gekacht ginn. FONDUE’S FLEESCH D’Fondue ass e traditionelle Plat fir d’Feierdeeg an de Joreswiessel. BURGERDe Burger ass de Klassiker fir de Summer op de Grill. GEHACKTESD‘Gehacktes ass d’Grondlag fir eng gutt Bolognes-Zooss a gëtt geholl fir Burger, Bulletten a Gehacktesbrot, och „Falschen Hues“ genannt.