Qualitéit, déi een schmaacht
Mir Baueren engagéieren eis selwer fir d’Vermaartung vun eisem „D’fair Fleesch“.
D‘Wuel vun eisen Déieren huet den héchste Stellenwert.
Mir pfleegen e stressfräien Ëmgang mat den Déiere wat och e groussen Afloss ob d’Fleesch-Qualitéit huet.
Eng Auswiel vun eise beschte Stecker
FILET
De Filet ass e ganz zaart Stéck, ass säfteg a moer a gutt fir zum Beispill en e Chateaubriand.
RAGOUT
Mam Ragout kann een en häerzhafte Gulasch preparéieren, brauch mei Zäit beim kachen.
BIFDECK
De Bifdeck gëtt kuerz an der Pan gebroden. Hei huet jiddereen seng eege Preferenz fir d’Cuisson.
FAUX-FILET
De Faux-Filet ass immens Villfälteg. Et ass alles méiglech, vum Brot bis zum Bifdeck a Geschnetzeltes.
ROASTBEEF
Dëst Stéck gëtt aus der Hëft geschnidden. Et ass e ganz zaart Stéck a kann ganz dënn geschnidden och gutt kal giess ginn.
JARRET
De Jarret ass e traditionellt Stéck a gehéiert zum Zoppenfleesch, wat och mei laang muss gekacht ginn.
FONDUE’S FLEESCH
D’Fondue ass e traditionelle Plat fir d’Feierdeeg an de Joreswiessel.
BURGER
De Burger ass de Klassiker fir de Summer op de Grill.
GEHACKTES
D‘Gehacktes ass d’Grondlag fir eng gutt Bolognes-Zooss a gëtt geholl fir Burger, Bulletten a Gehacktesbrot, och „Falschen Hues“ genannt.