De Wee vum D'fair Fleesch

D'fair Fleesch, fairen Ëmgang mat Mënsch, Déier an Natur

2011 ass aus der Initiative vun de Protestaktioune vun de Mëllechbaueren, d’Fairkoperativ Lëtzebuerg gegrënnt ginn. D’Zil war de Verkaf vun der eegener
Mëllech an de Mëllechprodukter selwer an d’Hand ze huelen.

D’Mark „D’fair Mëllech“ ass agefouert ginn.

 

2022 hunn sech 20 Baueren aus der Mammekouhaltung zesummegeschloss, fir dem Konsument Qualitéitsfleesch
zu engem faire Präis unzebidden. 

Dofir hunn mir d’Mark „D’fair Fleesch“ gegrënnt.

 

„D’fair Fleesch“ ass fair vum Bauer bis zum Konsument.

 

All Déiere ginn op engem Mammekoubetrib zu Lëtzebuerg gebuer an opgezunn.

Sie ginn am Ettelbrécker Schluechthaus geschluecht. Provencale iwwerhëlt d‘Verarbeschtung, d‘Verpaacken an d’Ausliwwere vun den Produkter vun der Mark „D’fair Fleesch“. 

Eis „D’fair Fleesch“ gëtt a verschiddenen Supermarchéen, der Gastronomie
an a Grousskichen ugebueden.

Mir Baueren engagéieren eis selwer fir d’Vermaartung vun eisem „D’fair Fleesch“.

D’Virdeeler vun onsem Produkt erkläre mir selwer iwwert déi gesamt Wertschöpfungsketten bis hin zum Konsument.

Beim Kaf vun eise Produkter ënnerstëtzt Dir de Lëtzebuerger Bauer.

Wat ass D'fair Fleisch?

Fair fir den Konsument

heescht, en gutt an héichwäertegt Stéck Fleesch ze kréien.

Fair fir d’Ëmwelt

heescht, kuerz regional Vermaartungsweeër ze notzen an d’landwirtschaftlech Betriber mat engem Nohaltegkeetsmonitoring ze begleeden.

Fair zum Déier

heescht, dass all „D’fair Fleesch“ Déieren op d’Weed ginn an am wesentleche mat betribseegenem Grondfudder versuergt ginn.

Fair zu bestoenden Handels- a Veraarbechtungsstrukturen

fir déi regional Wertschöpfung ze stäerken. All Déiere sinn a Lëtzebuerg gebuer, gefiddert a geschluecht.

Fair fir de Bauer

heescht en faire Präis.

Wat ass Mammekouhaltung?

Eng Mammekou zitt all Joer en Kallef op, wat no der Gebuert bei senger Mamm 
bleift a 7-9 Méint vun hier mat Mammemëllech versuergt gëtt. 
No an no gëtt d’Mëllech duerch Festfudder ersat. Déi verschieden Fleeschrannerrassen eegnen sech fir dës Haltung. 
 

D‘Wuel vun eisen Déieren huet den héchste Stellenwert. 

D’Kallef bleift an drénkt bei senger Mamm.

D’Déiere liewen op der Weed an am Stall an Gruppen. Sie hunn vill Beweegungsfräiheet, frësch Loft a Liicht, souwéi fräien Zougang zu Waasser a Fudder. 

Mir pfleegen e stressfräien Ëmgang mat eisen Déiere wat e groussen Afloss ob d’Fleesch-Qualitéit huet.

„D’fair Fleesch“ ausschliisslich ass vu weiblechen Déiere vu Fleeschrassen am Alter vu 36 bis 96 Méint, déi am Label „Produit du Terroir“ sinn.

 

Déi agehale Krittäre vum Déierewuel sinn de Garant fir eng gutt Fleeschqualitéit.

Wéi gesäit d'Fidderung aus?

D’Mammekouhaltung erméiglecht eng ideal Notzung vum Lëtzebuerger Gréngland.

Am Summer ginn all d’Déieren op d’Weed an am Wanter ginn se am Stall mat Hee a Grassilo gefiddert. Vum Fréijoer bis den Hierscht sinn d’Déieren dobaussen op der Weed a friessen do hiert d’Gras. 

Wann zum Schluss vum Joer d’Weed knapp gëtt, kréien d’Déieren och do schonn Hee bäigefiddert, fir dass se esou laang ewéi méiglech kennen do baussen op der Wiss bleiwen.

Am Wanter  am Stall ginn d’Déiere mat Grassilo an Hee gefiddert. 

Nach oben scrollen